Dag van der Kooperatioun

D’ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. an d’Landjugend Cliärref a.s.b.l. invitéiere ganz häerzlech op den Dag van der Kooperatioun zu gonschte van den Entwécklungsprojete van der LLJ e Sonndeg, den 1. Oktober 2017 zu Cliärref.

Programm:

10:30 Mass an der Porkierch va Cliärref (Afrikanisch Mass) Musikaleschen Encadrement duerch d‘Chorale Ste Cécile Cliärref

Uschléissend: Éirewäin am Pavillon van der Hall Polyvalent zu Cliärref.

12:00 Mëttigeessen

Menü: Bréitzopp, Limousin om Spiiss mat selwer gematne Spätzlen an Zalot, Dessert
Präiss: 35€
Fir d’Kanner gëtt et eng hallef Portioun vom selwichte Menü fir 15€

Weiderhinn ginn et:
– Ausstellungs- a Verkafsstänn
– Kanneranimatioun
– Tombola
– Danzmusik mam Romain THIELEN
– a vill weider Aktivitéiten iwwer dee ganzen Dag

Umellung fir d’Eessen ass bis den 26. September erwënscht:
+352 691 621 976 oder info@ljclervaux.lu

D’Landjugend Cliärref freet sech fir ee schéinen Dag mat eech ze verbrengen.