Iwwer äis

Ogefongen hat alles am Joer 1971. Dat Joer ass D’Landjugend Dekanat Cliärref den 11. Oktober ënnert dem President Pierre Neser von Stackem gegrënnt ginn.

Nofolgend Presidente guffe gewielt:

Neser Pierre, Stackem (1971 – 1975)
Eilenbecker Norbert, Kaalber (1976 – 1979)
Majeres Charel, Bënzelt (1980)
Boumans Jean-Marie, Äischer (1981 – 1983)
Fischbach Roland, Äischer (1984 – 1989)
Bourg Claude, Stackem (1990 -1995)
Albers Mathieu, Bauschelt (1996 – 1999)
Albers Raymond, Béigen (2000 – 2001)
Schanck Cédric, Beesslek (2002 – 2004)
Turmes Ronny, Reiler (2005 – 2013)
Schlechter Fränz, Reiler (2013 – 2019)
Glod Bob, Aasselburen (2019 – )

 

Nodeem 2003 eis Grupp wéi di 7 anner Gruppen d’Statuten nei verfaasst hat an zur a.s.b.l. transforméiert guff, ass eis offiziell Bezeechnung Landjugend Jongbaueren an Jongwënzer Cliärref a.s.b.l. D’Statute gouffen de 16. Mee 2003 am Mémorial C — N° 534 publizéiert.

Viru 40 Joer gouf deen éischten Landjugenddag den 8. Mee 1975 von der Landjugend Cliärref zu Ëlwen organiséiert. Hokt dëst Event dat traditionell op Christi Himmelfahrt ofweesselnd von de 7 regionale Gruppen organiséiert gëtt, dat wichtigst an eisem Agenda.

Am Ënnerscheed zu annere Jugendveräiner schaffe mer och am Dingst von der Allgemengheet. Sou bedeelige mer äis all 2 Joer un der “Landjugend Power” Aktioun oder zerwéiere beispillsweis Glühwäin a Stollen no der Metten zu Cliärref. Mer iwwerreechen deemno all Joer ee Scheck un d’ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”.

D’Landjugend Cliärref zällt momentan iwer 100 Memberen, di aus dem ganzen Dekanat an doriwwer raus verspreed kommen.