Naatskavalkad

Mer als Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. sënn ee junken souwéi dynamische Veräin deen o selwer ee Faaswol baut an op verachiddenste Kavalkade matfiert. Wëll bei äis am Éislek (ausser der Dikkricher Kavalkad) elo weider keng Kavalkade sënn a mer ëmmer an de Süden oder an ďBelge fare mussen ass ďIddi entstannen am schéine Cliärref, mat am Hannergrond dem Cliärrewer Schlass sou wéi der Abtei, eng Kavalkad ze organiséieren an sou och de Legden dës Regioun méi no ze brengen an de Legden aus der Regioun eng nei Manifestatioun ze bidden.
Den 22. Mäerz 2025 fënnt déi éischt Editioun vun der Cliärrewer Naatskavalkad durrich ďStroosse vu Cliärref statt. Den Tour start um 18:11 Auer a geet vum Cliärrewer Kierfent bis bei ďHall Polyvalent. Durisch Cliärref verdeelt suerge verschiddenste Gedrenks- souwéi Eesstänn dofer dat et de Visiteure bei passender Faasstëmmung an näicht feelt.
No dem Cortège geet et mat et mat engem grousse Faasbaal an der aschléissender Präisiwwerreechung an der Hall Polyvalent firan.
Hei së mer bëssonisch frou ďKKG Tanzgarde Bötschebejer Seestürmer bäi äis ze honn dei mat engem Optrëtt um 22 Auer ďLekt nach enker a Faasstëmmung brengen.
Den Entrée kast 5 €.
Fir weider Infoen kann Der och gären op äiser Facebook Säit ran luussen