Naatskavalkad 2026

Mer als Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. sënn ee junken souwéi dynamische Veräin deen o selwer ee Faaswol baut an op verschiddenste Kavalkade matfiert. Wëll bei eis am Éislek (ausser der Dikkricher Kavalkad) elo weider keng Kavalkade sënn a mer ëmmer an de Süden oder an ďBelge fare mussen ass ďIddi entstannen am schéine Cliärref, mat am Hannergrond dem Cliärrwer Schlass souwéi der Abtei, eng Kavalkad ze organiséieren an sou och de Legden dës Regioun méi no ze brengen an de Legden aus der Regioun eng nei Manifestatioun ze bidden.
Déi ischt Editioun vun der Cliärrwer Naatskavalkad hott eis Erwardungen iwwertraff a mer kruten immens vill positive Feedback sou dat ďDecisioun fir eng zwett Editioun ze starten séier getraff wor. Hei freeë mer eis och immens dat mer dëst Joer 46 Veräiner um Cortège begréiße kannen.
De 07. Mäerz 2026 fënnt also elo déi zwett Editioun vun der Cliärrewer Naatskavalkad durrich ďStroosse vu Cliärref statt. Den Tour start um 18:11 Auer a geet vun der Benelux-Plaz bis bei ďHall Polyvalent. Weinst verschiddene Bauplatzen a Cliärref selwer hon mer den Tour dëst Joer mei kuerz gemat wéi dat letzt Joer. Durisch Cliärref verdeelt suerge verschiddenste Gedrenks- souwéi Eesstänn dofer dat et de Visiteure bei passender Faasstëmmung an näicht feelt.
No dem Cortège geet et mat engem grousse Faasbaal an der aschléissender Präisiwwerreechung an der Hall Polyvalent firan.
Hei së mer bëssonisch frou ďKKG Tanzgarde Bötschebejer Seestürmer bäi äis ze honn dei mat engem Optrëtt um 22 Auer ďLekt nach enker a Faasstëmmung brengen.
