Praktesch Informatiounen
Wéi kommen ech opt Naatskavalkad?
Mam Zuch?
Der kannt bequem mam Zuch op Cliärref faren an direkt op der Gare durisch eng Entréescaisse rakommen. Mei Infoen zu den Zisch ginn et op cfl.lu
P.S. Och de Parking op der Ëlwenter Gare ass zu dem moment rëm op!
Mam Bus?
Latenight Busser brengen Eech secher dohinn an zréck.
Mam Auto?
D’Parkplatzen a Cliärref sënn immens limitéiert. Mer empfeelen Eech op eise P+R Parkingen ze parken an ab do d’Navetten ze huelen.
-Lentzweiler (CTI)
-Nordstrooss Shopping Mile Marnach
-Wëntger Schoul
D’Navette faren ab 16:30 bis 03:00 Auer, jeweils bis bei de Cliärrwer Lycée an natierlich och rëm zréck.
Wou kreien ech Entréesticketen?
Ab dem 09. Februar sënn eis Entréestickete verfügbar.
Si kasten kasten 5€ an Der krëtt së:
-Bei all eise Memberen
-An der Librarie Biba zu Maarnisch
-An der Librarie Zimmer zu Diekrich
-Am Café/Restaurant A Peitesch zu Eselbuer
-Beim Veband (Hengischt, Wëntger, Colmar-Bierg)
-Beim Ravi – Cafe Restaurant Indian Cuisine, Houffelt
Kanner ënner 12 Joer komme GRATIS ran!